Op der GarePersoun gëtt no Sträit mat engem Messer gepickt
RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 3 Auer an der Nuecht op e Freideg koum et op der Stater Gare an der Rue Jean Origer zu engem Sträit.
Update: 09.12.2025 11:16
Dobäi gouf eng Persoun mat engem Messer blesséiert. De presuméierten Täter ass net fortgelaf a gouf vun der Police op Uerder vum Parquet festgeholl. Hie gëtt nach e Freideg virun den Untersuchungsriichter bruecht.