
Géint 20 Auer e Sonndeg den Owend koum et an der Aler Avenue an der Stad zu enger Ausernanersetzung tëscht méi Leit. Wéi d’Police op d’Plaz koum, hunn d’Beamten eng Persoun fonnt, déi eng Stéchwonn hat. Déi blesséiert Persoun gouf doropshi medezinesch versuergt, bis d’Rettungsdéngschter do waren. D’Blessure vum Affer waren esou schlëmm, dass d’Persoun huet am Spidol mussen noutoperéiert ginn.
D’Police sicht an dëser Affär no Zeien. All d’Informatioune si fir de Policekommissariat aus der Stad, dat ënnert der Nummer (+352) 244 40 1000 oder iwwer Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.