
Op der Plaz huet eng Ekipp vum CGDIS effektiv ee Blesséierte fonnt, mat enger Stéchverletzung. D’Affer koum an d’Spidol.
Wéi et heescht, wier et zu engem Sträit komm tëscht Affer an Täter. Méi ass de Moment net gewosst. Ermëttlunge goufe lancéiert.
D’Police sicht an deem Zesummenhang no Zeien. Jiddereen, deen eppes gesinn huet oder nëtzlech Informatiounen huet, soll sech bei der Police vun Ëlwen mellen um Nummer (+352) 244 87 1000 oder per E-Mail op police.troisvierges@police.etat.lu.