
Ee vun hinnen huet säi Kontrahent mat engem Messer verwonnt. No enger Éischtversuergung op der Plaz koum d’Affer an d’Spidol. Wéi d’Police präziséiert, besteet keng Liewensgefor.
De presuméierte Verdächtege konnt direkt lokaliséiert a gestallt ginn. Bei der uschléissender Fouille gouf eng gewësse Quantitéit Haschisch séchergestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Méindeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.