Am LokalenPersoun ugestouss, Kollisioun tëscht 2 Ween an Damp an Appartement

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, gouf e Freideg géint 17.15 Auer eng Persoun zu Beetebuerg an der Escher Strooss vun engem Auto ugestouss a blesséiert.
© RTL Archivbild

Zu Péiteng koum et géint 19 Auer zu engem Accident tëscht 2 Autoen an der Rue du Parc. De CGDIS mellt ee Blesséierten, de Samu war op der Plaz.

Géint 1 Auer an der Nuecht op e Samschdeg gouf et dann nach een Alarm am Stater Gronn. Do war Damp aus engem Appartement komm. Kengem ass hei eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO