Méindegowend zu Keel / NäerzengE Foussgänger laanscht d'Schinnen hat den Zuchtrafic perturbéiert

Andy Brücker
D'Persoun konnt spéider op der Gare ugetraff ginn, et ass Kengem eppes geschitt.
© AFP

E Méindeg den Owend hunn eng Partie Automobilisten, grad ewéi Leit, déi an engem Bus souzen, e bësse Gedold musse matbréngen.

Géint 19:45 Auer hat d'Police gemellt kritt, dass am Beräich Näerzeng eng Persoun ze Fouss laanscht, respektiv op de Schinnen ënnerwee wier. Aus Sécherheetsgrënn war doropshin den Zuchverkéier ënnerbrach ginn. Och d'Barrière zu Keel a Richtung Schëffleng war zoubliwwen, wouduerch sech do e Stau forméiert hat. D'Leit konnten do och keen Demi-tour maachen, well et e Sens unique ass.

D'Persoun, déi laanscht d'Schinne getrëppelt war, konnt kuerz dono op enger Gare ugetraff ginn. Si war liicht duercherneen, ma et ass hir awer soss gutt gaangen.

Um kuerz virun 20:30 Auer konnt den Trafic nees relancéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO