Asaz vum SamuPersoun zu Esch vun Auto ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Géint 19.50 Auer e Mëttwoch den Owend ass eng Persoun an der Rue Pierre Krier zu Esch vun engem Auto ugestouss ginn.

De Samu, d’Ambulanz an d’Pompjeeë vun Esch waren op der Plaz.

Iwwerdeems hat et e Mëttwochowend respektiv an der Nuecht op en Donneschdeg zwee Mol gebrannt. Eng Kéier hat eng Poubelle zu Rodange Feier gefaangen, déi aner Kéier war et en Auto op der A13 tëscht Altwies a Fréiseng, Béid Kéiere blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO