Gläichgewiicht verluerPersoun zu Schëffleng vun Zuch erfaasst

RTL Lëtzebuerg
No engem Rettungsasaz op der Gare zu Schëffleng gouf den Trafic op der Linn 60 tëscht Beetebuerg an Esch ënnerbrach.

Et goufen Ersatzbusser organiséiert. Weider heescht et vun den CFL, datt mat Retarden an Ausfäll ze rechnen ass.

Géint 16.40 Auer war zu Schëffleng e Mann op d’Gleiser gefall, wéi hien um Quai gewaart hat. Wéi et heescht, hätt de Mann d’Gläichgewiicht verluer a wier gefall, wéi de Zuch de Quai verloosse wollt.

De Mann gouf ganz uerg blesséiert a koum direkt an d’Spidol. Ermëttlunge goufen ageleet, fir d’Ëmstänn vum Virfall ze klären.

Op www.cfl.lu sinn aktualiséiert Informatiounen ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO