
D'Police krut e puer Persounen zu Diddeleng gemellt, déi sech op enger Grillplaz donieft beholl haten an duerno mat engem a Frankräich immatrikuléierten Auto a Richtung Zentrum geflücht wieren. Eng Patrull huet de Won an der Keeler Strooss lokaliséiert a gestoppt. Deen Ament ass eng Persoun, déi hannen am Auto souz, erausgesprongen a fortgelaf. Déi 3 aner Passagéier koumen op de Policebüro. Ma och déi flüchteg Persoun konnt kuerz drop zu Diddeleng interpelléiert ginn.
Bei der Perquisitioun vum Gefier gouf ënner anerem eng kleng Quantitéit Haschisch, eng Wo a e Baseballschléier sécher gestallt. Op Nofro bei hire franséische Policekolleege koum nach eraus, dass den Auto net assuréiert ass an de Chauffer kee Permis huet, en Drogentest ass donieft och nach positiv verlaf. Den Auto gouf séchergestallt an et gouf protokolléiert.
Kuerz no Hallefnuecht ass enger Patrull um Salzhaff en Automobilist duerch säi Fuerverhalen opgefall. Wéi d'Beamten de Chauffer op engem Parking an der Escher Strooss kontrolléiere wollten, huet dee sech séier wollten a Richtung Hollerecher ewechmaachen, ma d'Flucht war schonn an der Zéissenger Strooss eriwwer.
Et huet sech erausgestallt, dass den Automobilist en ageschränkte Fuerverbuet hat an de Won net richteg ugemellt war. En Alkoholtest war donieft och nach positiv. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto sécher gestallt an de Virfall protokolléiert.