
D’Petitioun, déi dëse Seuil bannent knapps 3 Deeg iwwerschratt huet, fuerdert, dass an de Stonnepläng vu mannerjärege Schüler keng Inhalter sollen thematiséiert ginn, déi e Bezuch zu LGBT-Themen hunn.
Wéi de Petitionär schreift, misst all d’Famill d’Recht hunn, dës Themen am Aklang mat hiren eegene Virstellungen an der psychologescher Entwécklung vun hire Kanner unzegoen. Weiderhi misst een dem Petitionär no dovun ausgoen, dass eng Konfrontatioun mat dësen Themen an engem ze jonken Alter déi psychologesch Entwécklung vun der Kanner beanträchtege géif.
Et géif dem Petitionär net drëms goen, Leit aus der LGBT-Communautéit ze diskriminéieren oder Haass géigeniwwer hinnen ze promouvéieren. Et géif sech net ëm en Akt vun Homophobie handelen, villméi géif et drëms goen, de Respekt viru familiäre Wäerter an eng altersgerecht psychologesch Entwécklung vun de Kanner ze erhalen.