
An der Petitioun mat der Nummer 3000 fuerdert eng Petitionärin, dass alleguer d’Famille mat Kanner zu Lëtzebuerg vun dëser Allocatioun profitéiere kënnen. Dës muss elo an der Chamber debattéiert ginn. Méi ewéi 4.500 Leit hu se nämlech ënnerschriwwen.
Zu Lëtzebuerg hunn d’Fonctionnairen an d’Staatsemployéeën d’Recht op eng Allocation de famille. Dat ënnert der Konditioun, dass op d’mannst eent vun hire Kanner, dat iwwerdeems manner ewéi 27 Joer al ass, nach am Stot lieft.
Dës Allokatioun mécht 29 Punkten aus, wat bei den Employéeën am Endeffekt 639,14 a bei de Fonctionnairë 675 Euro brutto de Mount sinn.
Am Géigesaz zu der Allocation familiale klëmmt d’Allocation de famille net mat der Unzuel vun de Kanner am Stot.