
An der Chamber ass e Projet ugeholl ginn, deen eng Modifkatioun vun engem Gesetz virgesäit. Mat dësem Accord gëtte de Seuil bei de Petitioune vu 4.500 op 5.500 Signaturen eropgesat gëtt. Donieft muss ee sech an Zukunft via säi LuxTrust-Certificat umellen, fir eng Petitioun kënnen eranzereechen. Nei ass och, datt bannent 4 Méint muss en Debat an der Chamber organiséiert ginn, nodeems den néidege Seuil vu 5.500 Ënnerschrëfte erreecht ginn ass.