
Deemools gouf et keng Blesséierter, et koum awer zu enger Partie Annulatiounen dee Sonndeg den Owend.

Déi staatlech Verwaltung fir technesch Enquêten, kuerz AET, huet dës Woch en Tëscherapport publizéiert. D’Maschinn hat deemools bei der Landung en Deel vun hirem Fuerwierk verluer.
Aus dem Tëscherapport geet ervir, datt d’Piloten dat guer net gemierkt hunn, bis se vum Tower doriwwer informéiert goufen. Egal wéi hate si awer direkt reagéiert an de Fliger un d’Stoe bruecht.
Eigentlech sollt d’Boeing 747-400 F vu Lëtzebuerg op Chicago fléien, mä doraus gouf näischt. D’Crew am Cockpit huet misste feststellen, datt d’Fuerwierk sech net eraklappe gelooss huet. Duerno hunn d’Pilote puer Tier gedréint, fir Kerosin lasszeginn. Si sinn dofir iwwer en Areal iwwer der Belsch geflunn, wou dunn ongeféiert 40 Tonne Kerosin ofgelooss goufen. Dat war géint 16.51 Auer. Um 17.00 Auer ass de Fliger um Findel gelant.
Beim Tëschefall war wéi gesot kee verwonnt ginn. D’Landepist war liicht beschiedegt ginn an huet musse reparéiert ginn, éier se de selwechten Dag nees opgaangen ass.
Am Tëscherapport gouf nach vermierkt, dass et de 14. September 2005 en änlechen Tëschefall zu Amsterdam um Schiphol Fluchhafe gouf, dat och bei enger Boeing 747-400F.
D’Enquête betreffend dem Tëschefall um Findel geet weider.