EuropawalenPirate presentéieren "nei Léisunge fir Europa"

RTL Lëtzebuerg
D’Pirate viséieren den 9. Juni en éischte Sëtz am Europaparlament, dat mat enger éischter onbekannter Ekipp.
Pirate presentéieren EU-Walcampagne
D’Pirate viséieren den 9. Juni en éischte Sëtz am Europaparlament, dat mat enger éischter onbekannter Ekipp.

E Méindeg huet d’pro-europäesch Partei hire Walprogramm mam Slogan “nei Léisunge fir Europa” virgestallt.

D’Pirate sinn am Walféiwer. Um Sëtz zu Koplescht gesäit et aus, wéi an enger “outdoor” Ausstellung. Iwwerall sti grouss, faarweg Walplakater prett, fir de Weekend opgestallt ze ginn. Bei de leschten Europawalen hat d’Partei 7,7 Prozent vun de Stëmme kritt. Eng 12 Prozent sinn néideg, fir e Sëtz ze kréien. De Spëtzekandidat Raymond Remakel ass optimistesch. “Mir denken, datt mir mat eisem Parteiprogramm d’Leit mat an d’Boot kréien a mir si jo net eng Verbuetspartei, wéi aner Parteien.

Just, datt de Raymond Remakel e Méindeg de Mëtteg als Eenzege vun de 6 Europakandidaten op der Pressekonferenz war. Déi aner hätte virop berufflech Obligatioune gehat, erkläert de Partei Coordinateur a Chamberdeputéierte Marc Goergen. “Dat ass eben den Nodeel, wann ee seet, ‘mir huele keng Politprofie mat, mä mir huele Leit aus der Gesellschaft mat, déi wéi all Är Nolauschterer och zu dëser Zäit schaffen.’ Dofir hunn déi awer och d’Visioun a se soen ‘hei, ech weess nach, wat et ass richteg ze schaffen.’

Méi Matbestëmmung, méi bëlleg Energiepräisser

Méi Matbestëmmung fir all EU-Bierger ass ee vun den thematesche Schwéierpunkten am Walprogramm vun de Piraten. Iwwer en online Participatiounsoutil, wou d’Bierger ënner anerem Gesetzesvirschléi areeche kënnen. D’Partei wëll sech staark maache fir en direkt gewielte Bierger-Konvent a fuerdert, datt den EU Kommissiounspresident vun de Bierger gewielt gëtt.

D’Partei ass géint Atomkraaft a plaidéiert fir de konsequenten Ausbau vun Enerneierbaren. “Eng Energiepolitik, déi de Leit Loscht mécht, Energie ëmzeklammen an Energie ze spueren”, ënnersträicht den Tommy Klein, politesche Beroder vun de Piraten. “Wéi zum Beispill, datt mer d’Industrielandschaft nees acceleréieren op europäeschem Niveau an och Solarpanellen zum Beispill hei kënne produzéieren an esou dat Ganzt och mat enger méi interessanter Präispolitik verbanne kënnen.

D’Pirate si fir méi Daten-, Ëmwelt- an Déiereschutz. An der Migratiounspolitik misst de Mënsch am Zentrum stoen. D’Partei schwätzt sech aus géint de e sougenannte Ruanda Modell, wou Flüchtlinge wärend den Asylprozeduren an Drëttlänner geschéckt ginn.

D’Biller vun hirer Walcampagne hunn d’Pirate mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz generéiert. Vun de Virdeeler vun der KI profitéieren, dat am Aklang mam Schutz vun der Privatsphär vun de Leit. Och hei wëll d’Partei sech op EU-Niveau abréngen, fir nozebesseren.

Back to Top
CIM LOGO