Héich Paie concernéiertPlaffong am Pensiounssystem soll déi Lénk no ofgeschaaft ginn

RTL Lëtzebuerg
Esou kéinten all Joer honnerte Milliounen Euro bei d'Pensiounskeess dobäikommen, sou de Raisonnement vun der Partei.

Déi Lénk fuerderen an engem Communiqué e Mëttwoch, dass de Plaffong am Pensiounssystem ofgeschaaft misst ginn. Bei enger Pai, déi méi héich ass, wéi fënnef Mol de Mindestloun, muss op deem Surplus net méi cotiséiert ginn. Dat fannen déi Lénk net gerecht.

Wann den Deckel géif opgehuewe ginn, géingen all Joer Honnerte Millioune méi an d’Pensiounskeess gespullt ginn, behaapten déi Lénk. Iwwerdeems wieren nëmmen ongeféier 28.000 Leit mat ganz héije Paie concernéiert.

Deenen hir ausbezuelte Pensioune sollte gläichzäiteg awer beim aktuellen Plaffong limitéiert bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO