
Dat ass ee vun de Constate vun der Associatioun, déi en Donneschdeg den Owend Generalversammlung hat. Eng Hausse, déi de Planning beonrouegt, fir déi een awer leider keng richteg Erklärung hätt.
Allgemeng Zuelen iwwer Avortementer zu Lëtzebuerg sinn net disponibel, bedauert de Planning familial, a fuerdert den Accès op déi Informatiounen.
Wat a Frankräich rezent geschitt ass, soll och zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn. D’Recht op Ofdreiwung soll an d’Lëtzebuerger Verfassung geschriwwe ginn.
De Planning familial fuerdert dann och, datt nieft de Verhütungsmëttel wéi d’Pëll beispillsweis, déi vun der Gesondheetskeess iwwerholl ginn, och d’Kondomer gratis ginn. An den 3 Zentre vum Planning kritt een iwwerdeems Kondomer fir näischt.
D’Verhütungsmëttel gi jo zanter dem Abrëll zejoert rembourséiert. De Käschtepunkt louch zejoert bei 4,3 Milliounen Euro, gouf een an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro rezent gewuer.