Komplementarwale Gemeng Ierpeldeng-SauerPol Michels op de Poste vum Conseiller gewielt

RTL Lëtzebuerg
No der Demissioun vum Conseiller André Bauler Enn November zejoert aus dem Gemengerot goufen e Sonndeg Komplementarwalen organiséiert.
© Shutterstock/I’m friday

Duerch d’Demissioun vum Conseiller André Bauler war den Ierpeldenger Gemengerot net méi komplett. An der Sëtzung vum 15. Dezember 2023 hat de Gemengerot unanime decidéiert, de vakante Posten am Conseil nei ze besetzen.

Bei de Komplementarwalen an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer goufen d’Stëmmen e Sonndeg wéi follgend verdeelt:

  • Pol Michels: 350 Stëmmen
  • Michèle Stein: 310 Stëmmen
  • Pol Bertemes: 287 Stëmmen
  • Mario Ferreira: 122 Stëmmen

D’Komplementarwale mussen dem Gesetz no 3 Méint, nodeems d’Decisioun vum Gemengerot dem Inneminister matgedeelt gouf, organiséiert ginn. Aus deem Grond konnt de Minister zejoert dem Wonsch vun de Gemengeréit fir d’Komplementarwalen zesumme mat den Europawalen am Juni z’organiséieren, net nokommen. De Minister hat den Datum vun de Komplementarwalen dowéinst op de 24. Mäerz 2024 festgeluecht.

Back to Top
CIM LOGO