
Wéi d’Police eis op Nofro hi confirméiert, wier de Problem hinne bekannt. Et géing ëm eng “reng prozedural Formalitéit” goen, zu där d’Police aktuell op e Feedback vun Apple waart. Wéi et weider heescht, sollt de Problem “also zäitno behuewe sinn”.
Wat kann d’App vun der Police?
Ënnert anerem fënnt een op der Police-App nëtzlech Informatioune wéi Zeienopriff, Vermësstemeldungen oder Preventiounsmesuren. Duerch Push-Noriichte kann d’Bevëlkerung ausserdeem direkt a séier informéiert ginn, wann zum Beispill no engem presuméierten Täter gesicht gëtt.
Och seng Wäertgéigestänn kann een ënnert der Funktioun “My Safe” op enger Plaz späicheren. Esou huet een am Fall vun engem Déifstall oder Abroch all wichteg Donnéeë beieneen a kann dës per Mail un de Beamte schécken, deen d’Plainte ophëlt.
Nieft enger Noutruff-Funktioun huet d’App esouguer eng Chat-Funktioun, mat där eng SMS un den 113 ka verschéckt ginn, am Fall, wou et engem net méiglech ass, unzeruffen.
Weider Informatiounen iwwer d’App vun der Lëtzebuerger Police fannt Dir um Site vum 113.