
Am Ganze waren et ronn 30 Kontrollen an der Nuecht op Neijoerschdag. Gekuckt gouf ënnert anerem, ob sech un d'Ausgangsspär tëscht 21 Auer owes a 6 Auer moies gehale gouf.
Géint 17.20 Auer goufen der Police 10-15 Persoune gemellt, déi zu Ettelbréck a der Grouss Gaass mat Knupperte geschoss hunn. Bei engem vun hinne goufen donieft nach Droge fonnt; eng Plainte gouf gemaach. Weider 7 Persoune kruten en Avertissement taxé.
Zu Rammerech an zu Miersch hu missen 2 Automobilisten hire Fürerschäi ofginn, well si ënner Alkoholafloss mam Auto ënnerwee waren.
24 weider Verstéiss goufen am Kader vun de Covid-Kontrolle festgestallt.
Tëscht 22 a 6 Auer misst d'Police 35 Mol intervenéieren, nodeems sech Nopere wéinst ze vill Kaméidi beschwéiert haten oder Freedefeier geschoss gouf, obwuel et an de betraffene Gemenge verbuede war. Wéinst ze vill Radau ass d'Police och op Nidderaanwen an en Hotel geschéckt ginn. 5 Persoune goufen hei ugetraff, an hiren Zëmmer goufen Drogenutensilien, wéi och e "Schlagring" saiséiert. Si goufen alleguerte protokolléiert.
Eng Dose Mol goufen d'Beamte vun der Police geruff, well et zu Streidereie koum. An deene meeschte Fäll war Alkohol am Spill.