
De Pressebüro vun der Police confirméiert dësen Asaz. D’Beamte wieren op d’Plaz geruff ginn, wéinst engem Feier am Virgäertchen. E Kessel, an deem e Feier u war, war Deel vun der Dekoratioun. D’Polizisten hunn op der Plaz d’Awunnerin vum Haus ugeschwat an op d’Sécherheetsaspekter opmierksam gemaach. Fir all Gefor aus dem Wee ze goen, gouf d’Feier ausgemaach.
Um Dënschdegmoien hu mir mam Patricia Toussaint geschwat. D’Escherin géif zanter Joren d’Haus akleeden: “Ech rëschte mäin Haus fir Halloween a Chrëschtdag.”

Mat 17 Joer war si bei Famill an Amerika, do wier et üblech, d’Haiser ze dekoréieren. Eng Passioun, déi se mat op Lëtzebuerg bruecht huet. “D’Skeletter am Gaart sinn dat grujelegst, wat ech hunn. Et geet mir drëms, de Leit eng Freed ze maachen”, erkläert si am Gespréich.
Wéi d’Police um Méindegowend komm wier, wier si am éischte Moment erféiert gewiescht, hätt awer Asiicht gehat an d’Poliziste wiere ganz fair gewiescht.
Op Nofro erkläert de Pressebüro vun der Police, dass generell d’Gemengereglement géif definéieren, wat erlaabt ass a wat net. Esou misst een zum Beispill d’Nuetsrou an d’Liichtverschmotzung respektéieren.
Déi Responsabel vun der Gemeng Esch verweisen op de gesonde Mënscheverstand an de Respekt vis-a-vis vun der Noperschaft. Am konkrete Fall, an dem d’Police an de Virgäertche geruff gouf, goung et ëm Brandgefor.