
D’Pompjeeën an d’Police sinn op d’Plaz gefuer. Wéinst dem Feier ass och eng Gasfläsch explodéiert, déi nieft der Poubelle stoung. Dës stoung net zoufälleg do. D’Gasfläsch war aus enger Këscht, an där ee ka Gaardematerial stockéieren, net wäit vun der Plaz vum Feier ewech geklaut ginn.
Bei der Explosioun goufen eng Clôture souwéi Deeler vum Grondschoul-Gebai niewendru beschiedegt. D’Police huet Ermëttlunge lancéiert, fir déi genee Ëmstänn ze klären.
De CGDIS huet a sengem Bulletin e Sonndeg de Moien d’Feier gemellt a vun engem Brand an engem Haff vun enger Schoul geschriwwen.