Dës Persoun gouf no enger Aggressioun mat enger “Arme blanche”, also warscheinlech engem Messer, am selwechten Appartementshaus en Donneschdeg de Mëtteg blesséiert, wou och d’Läich vun enger Fra fonnt gouf.
Wéi et heescht, wier déi blesséiert Persoun, e 27 Joer ale Mann, awer net schwéier blesséiert, ma koum an d’Spidol. Den Täter selwer, e 45 Joer ale Mann, gouf festgeholl, sou de Parquet. Nodeems d’Appartement vum Täter duerchsicht gouf, sinn d’Beamten dunn op d’Läich vun enger Fra gestouss.

D’Police judiciaire, méi genee d’Sektioun “Homicide” gouf op Uerder vum Parquet mat enger Enquête beoptraagt. Och d’Police technique an de Médecin-Légiste goufen ageschalt. Weider Detailer sinn net bekannt. Wei gesot gëtt nach enquêtéiert.
D’Autoritéiten goufen en Donneschdeg am Nomëtteg alertéiert. D’Autosfuerer goufen wärend dem Asaz ëm d’Plaz deviéiert.