Mann bei Kontroll ausgeflipptPolice gouf mat Mënz beworf, beleidegt an ugespaut

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat et en Donneschdeg den Owend op zwou Plaze mat Leit ze dinn, déi randaléiert hunn.
© RTL Archivbild

Eemol an der Grand-Rue zu Waasserbëlleg. Do hat e Mann um fréien Owend op en Auto geschloen a Passante menacéiert. D’Beamten hunn den alkoholiséierte Mann mat op de Büro geholl. Hien hat keng valabel Pabeiere bei sech. D’Immigratiouns-Autoritéite vum Ausseministère goufen informéiert.

Géint 21.30 Auer haten dräi Leit um Kierchbierg sech an d’Hoer kritt. Zwee Verdächteger konnte gepëtzt ginn. Ma der Police no hätt ee vun deenen zwee bei der Kontroll d’Fassung verluer. Hien hätt eng Mënz op d’Beamte geheit, si mat Wierder a Geste beleidegt an op si gespaut. Och am Policewon hätt hie randaléiert. Och am Spidol ass et net besser ginn an hien huet missen immobiliséiert ginn, wéi d’Police mellt. Hie koum an de Passagearrest.

Alkohol hannert dem Steier

Da koum et awer och nach zu dräi Virfäll well Leit alkoholiséiert gefuer sinn.

Géint Mëtternuecht hat eng Fra an enger Lénkskéier an der Route du Vin zu Schwéidsbeng d’Kontroll iwwert hire Won verluer an ass vun der Strooss ofkomm. Si krut fir d’éischt e Bam mam Auto ze paken, dono d’Clôture virun engem Gebai. Den Auto, un deem en Totalschued entstanen ass, huet sech um Enn nach iwwerschloen. D’Fra am Won ass zum Gléck net blesséiert ginn. Manner Gléck hat si beim Alkoholtest, dee war nämlech positiv. De Permis war fort an et gouf e Protokoll.

Do virdrun, géint 22.30 Auer, hat d’Police nach en Automobilist wéinst senger Fuerweis gemellt kritt. De Won gouf drop zu Nidderkuer gestoppt. Den Otemtest huet ugeschloen an de Fürerschäi gouf agezunn.

En drëtten Accident gouf et dunn nach kuerz no Hallefnuecht. eng Automobilistin wollt aus engem Stater Parkhaus fueren an ass dobäi duerch eng Barrière gefuer. Si krut donieft och nach e Pilier aus Bëtong ze paken. Och hei war den Test positiv an de Permis fort.

Back to Top
CIM LOGO