Zanter e Freideg den OwendPolice gouf ronn 40 Mol wéinst Streidereien, Kläppereien a Kaméidi geruff

RTL Lëtzebuerg
An de meeschte Fäll konnt d'Situatioun awer nach op der Plaz gekläert ginn, wéi d'Police an hirem Bulletin matdeelt.

Donieft mellt d’Police och jeeweils ee Fall vun Alkohol a vun Drogen um Steier, dat zu Käerjeng an zu Leideleng. Weider mellt d’Police eng Partie Abréch oder Versich, fir éierens anzebriechen. Onéierlech sinn och an eng Partie Autoen agebrach. D’Police huet an all Fall eng entspriechend Enquête lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO