1.057 Mol gouf d‘Police d‘lescht Joer wéinst haislecher Gewalt geruff, et ass eng Hausse vu 7,5 Prozent bei den Interventiounen. Déi sougenannte “Wegweisungen” sinn awer konstant bliwwe mat 246 Expulsiounen.
Wéi d’Police erkläert, léich dat drun, dass d‘Leit mëttlerweil méi sensibiliséiert sinn an éischter d‘Police ruffen. Och géife mëttlerweil méi Noperen oder Frënn uruffen, wa Sträit am Stot ass, och wann dat net ëmmer bedeit, datt d’Situatioun virläit, fir datt eng Expulsioun muss ausgeschwat ginn.
Eng Expulsioun bedeit, dass de Parquet no der Analys vun der Situatioun d’Decisioun hëlt, den Täter fir op d’mannst 14 Deeg aus sengem Doheem ze verweisen. Sollt d‘Persoun an deem Zäitraum erëmkommen, wier dat eng Strofdot.
De groussen Deel vun den Expulsioune si Männer mat 90 Prozent. Wie muss goen, wann et géigesäiteg Violence gëtt, decidéiert de Parquet jee no Fall. Eng Expulsioun gëtt ausgeschwat, wann eng Gefor fir Leif oder Liewe besteet. An engem groussen Deel vun de Fäll geet et ëm Coups et blessures, oder Mordmenacen.
Wien expulséiert gëtt, lant ënner Ëmstänn beim Service “Riicht eraus”, dee sech ëm d’Prise en Charge vun den Täter këmmert. Hei huet een 52 Fäll vu sougenannte Widderhuelungstäter enregistréiert. Besonnesch un déi a Gespréicher erunzekommen, wier schwiereg.
Fir de Parquet ass am Ëmgank mat den Dossiere vun deene sougenannte Recidivisten och nach Loft no uewen. Aktuell geséich een hei aus Dateschutzgrënn nëmmen iwwert en Zäitraum vu 5 Joer, ob eng Persoun réckfälleg gëtt, iwwerdeems d’Gewaltschutzorganisatiounen dat iwwer 10 Joer novollzéie kënnen.
De Laurent Seck vum Parquet erkläert, et bräicht een eng extern Etüd, fir ënnert d’Lupp ze huelen, aus wéi enge Grënn d’Täter réckfälleg géifen. Dat kéint e ganze Koup Ursaachen hunn, iwwert Alkohol- oder Drogemëssbrauch iwwer psychiatresch Problemer oder den Déni vun der Situatioun. Et wier dowéinst gutt, wann e Kriminolog oder e Soziolog d’Dossieren aus wëssenschaftlecher Siicht géif analyséieren. Aktuell wier dat awer aus Dateschutzgrënn net méiglech.
Wouriwwer een och keng Donnéeën hätt, wier d’Gewalt tëscht eelere Leit.