SchëndelsPolice hëlt presuméierten Autosdéif fest

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg konnt d'Police ee presuméierten Autosdéif festhuelen, deen am Verdacht steet, e Samschdeg zu Miersch ee Won geklaut ze hunn.
© TheDigitalWay/pixabay

Am Kader vun den Ermëttlunge konnten d’Beamten de Verdächtegen trotz engem Fluchtversuch zu Schëndels stellen a festhuelen. De Verdächtege gouf en Dënschdeg de Moien dem Untersuchungsriichter virgefouert.

An der Nuecht op e Méindeg gouf zu Féiz op der Héicht vum Rond-point iwwerdeems eng Persoun brutal iwwerfall. Éischten Informatiounen no huet d’Affer géint 3 Auer eng Wiertschaft verlooss an ass zu Fouss a Richtung vum Rond-point gaangen. Do koumen eng Rei Leit op hien duer an et koum zu kierperlechen Aggressiounen. Et gouf Pefferspray géint d’Affer agesat an et gouf ënner der Menace vun engem Messer iwwerfall. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet an d’Affer koum fir eng Kontroll an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO