Leschte FreidegPolice huet am Raum Iechternach eng Rei Protokoller verdeelt

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem goufen zu Iechternach dräi Persoune mat Narkosemëttel erwëscht.
© RTL-Archiv

De leschte Freideg huet d’Police am Nomëtten zesumme mat der Douanesverwaltung Trafic-Kontrollen op der Route de Luxembourg tëschent Iechternach a Lauterbuer gemaach.

Do hu si zwee Protokoller verdeelt, an engem Fall well ee vun de Chauffere kee valabele Fürerschäin hat, am anere Fall war et d’Assurance.

An 11 weidere Fäll hunn d’Automobilisten zum Punkt vun der Kontroll keng valabel Pabeiere vun der Contrôle technique respektiv Steiervignette virweise kënnen. Dräi aner Gefierer, déi vun der Police gestoppt goufen, hate Problemer mat hire Luuchten, wärend een anere Won wéinst engem net konformen Nummereschëld ugehale gouf. Bei der Kontroll goufen och zwee aner Autoe gestoppt, well si zum Beispill ouni Warndräieck oder Sécherheetsgilet ënnerwee waren.

Ausserdeem hunn d’Beamten an der Gemeng Iechternach eng Rei Kontrolle gemaach, an där dräi Persoune mat Narkosemëttel erwëscht goufen. Zwee aner Protokoller goufen am Kader vun engem Verstouss géint d’Konzessioun verdeelt.

Insgesamt ware bei den Trafic- a Caféskontrollen aacht Policebeamten, 13 Mataarbechter vun der Douane an dräi Sichhënn bedeelegt.

Back to Top
CIM LOGO