A Caféen zu Diddeleng an EschPolice huet direkt e puer Verstéiss bei groussugeluechter Kontroll festgestallt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op den 11. Januar gouf et eng groussugeluechte Kontroll an diverste Caféen zu Esch an zu Diddeleng.

Zil vun der Interventioun war et, fir ze kontrolléieren, op d’Gesetz vun de Cafetieren an d’Drogegesetz agehale gëtt. Dobäi goufe méi Persoune kontrolléiert.

Am ganze gouf et sechs Verwarnungen a véier Protokoller am Zesummenhang mat Drogebesëtz geschriwwen. Weider haten zwou Persoune géint dat sougenannt “Friemegesetz” verstouss.

Da goufen zwou Plainte gemaach, well géint d’Gesetz vun de Cafetiere verstouss gouf, fir méi genee ze sinn, well Geneemegunge gefeelt hunn, esou d’Police an hirem Bulletin.

Back to Top
CIM LOGO