Uechter d'LandPolice huet e puermol wéinst alkoholiséierte Leit missen intervenéieren

RTL Lëtzebuerg
Ze vill gedronk hat ënnert anerem eng Fra de Sonndeg de Moien, déi kuerz viru 6 Auer zu Esch op der Vëlospist mat hirem Auto stoung.

Wéi d’Police schreift, hätt si nach wëlle fortfueren, wéi se d’Beamte gesinn huet, gouf awer dovunner ofgehalen. Si krut de Führerschäin ofgeholl.

Zu Hollerech hat sech an der Nuecht op e Sonndeg um 2.30 Auer eng Persoun mat engem Security vun enger Disko an d’Hoer kritt, deen den alkoholiséierte Mann rausgehäit hat. Well dee sech net berouege gelooss huet, koum en an de Passagearrest.

Géint 3.30 Auer huet eng alkoholiséiert Persoun um Terrain vun der Gare randaléiert a Leit belästegt. Och si gouf mat an den Arrest geholl, grad wéi eng Persoun, déi sech zu Esch an der Avenue du RocknRoll de Batti gestallt hat an zwee Leit, déi zu Ettelbréck um Däich mat anere gestridde hunn.

Back to Top
CIM LOGO