Alkohol am SpillPolice huet missen no Kläpperei ënner véier Männer agräifen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moien hat d'Police eng Kläpperei tëscht e puer Persoune signaléiert kritt, dat an der Rue du fort Wedell am Garer Quartier an der Stad.
© RTL Archivbild

Eng Policepatrull ass direkt op d’Plaz gefuer an huet zwee Männer virfonnt, déi amgaange waren, sech ze zerschloen. Béid Männer goufe vun de Beamte getrennt. An där Zäit wier en drëtte Mann ze héiere gewiescht, sou d’Police. Dësen huet gebierelt a wollt aner Leit schloen. Donieft koum nach eraus, dass nach ee weidere Mann, deen och an der Géigend war, un der Kläpperei bedeelegt war.

Zwee vun de Sträithammele koumen no enger Éischtversuergung an d’Spidol, dobäi konnt een no engem kuerzen Traitement eraus a koum mat deenen aneren zwee Männer op de Policebüro. De Parquet gouf informéiert an et gouf géint sämtlech Bedeelegt protokolléiert. Zwee vun de véier Männer koumen zousätzlech nach zur Ausniichterung an Arrest.

Back to Top
CIM LOGO