No Déifställ zu MäertertPolice konnt zwee Brigange verhaften

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Freideg goufen zu Mäertert eng Partie Saachen aus Autoe geklaut respektiv en Abriecher konnt vun engem Awunner verdriwwe ginn.

D’Police huet dann och net laang gebraucht, fir zwee Verdächteger z’ermëttelen. Bei hinne goufe Saache fonnt, déi virdrun op deenen anere Plaze geklaut goufen.

Op Uerder vum Parquet goufen déi Zwee verhaft an haten e Freideg am Nomëtteg direkt Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO