
Am Haus huet hie sämtlech Raimlechkeeten duerchwullt an no Wäertsaache gesicht.
Zur gläicher Zäit gouf et en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Route de Peppange zu Beetebuerg. Och do hat een Onbekannten e puer Raim duerchwullt.
A béide Fäll koum d’Spueresécherung vun der Police op d’Plaz an Ermëttlunge goufe lancéiert. Um Police-Site fënnt ee präventiv Rotschléi, wéi ee sech virun Abréch schütze kann.