Futtis Fassaden zu WolzPolice mécht Zeienopruff no Verkéiersaccident mat Farerflucht

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend géint 22.30 Auer koum et an der Rue des Sports zu Wolz zu engem Accident, bei deem eng Partie Hausfassade beschiedegt goufen.
© Domingos Oliveira / RTL

E Gefier wier hei géint e geparkten Auto gerannt an dono an eng Partie Fassade vun Haiser, déi dobäi beschiedegt goufen. De Chauffeur ass dorop hin einfach fortgefuer, ouni sech ëm den entstanene Schued ze këmmeren.

An deem Zesummenhang freet d’Police de Verursaacher oder d’Verursaacherin vum Accident, sou wéi Zeien, déi eppes kéinte gesinn hunn, sech bei der Police ze mellen, dat um Policebüro “Ardennes”. D’Telefonsnummer ass (+352) 244 89 1000, eng Mail kann een op police.ardennes@police.etat.lu maachen.

Back to Top
CIM LOGO