
Den Handy war an der Stad geklaut ginn a konnt kuerz Zäit drop bei enger Persounekontroll bei engem Mann an der Rue Glesener fonnt ginn. Bei enger Kierperduerchsichung vum Verdächtegen hunn d’Beamten dunn zousätzlech nach 37 Drogeplomben, Boergeld an ee weideren Handy fonnt. De Parquet gouf informéiert an huet dem Mann seng Festnam ugeuerdent. E Méindeg am Nomëtteg gëtt hien dem Untersuchungsriichter virgefouert.
E weidere presuméierten Dealer gouf schonn e Sonndeg de Moie bei enger Kontroll an der Rue Adolphe Fischer festgeholl. Virdru soll et dem Policebulletin no zu engem Drogendeal an der Rue de Strasbourg komm sinn. Hannert dem Verdächtege gouf eng Drogeplomb fonnt, déi hie warscheinlech probéiert hat, ze verstoppen. Bei enger Persounekontroll goufen du Boergeld an een Handy beim Verdächtege fonnt, ee Kierperscan ass allerdéngs negativ ausgefall. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Dealer festgeholl an nach am Laf vum Dag virun den Untersuchungsriichter bruecht.
Keng Festnam konnt d’Police da bis ewell am Fall vun enger geklauter Ketten an der Avenue de la Gare maachen. E Sonndeg war do ee Mann vun zwee aneren ugeschwat ginn, ier si him seng Halsketten ofgerappt hunn a sech a Richtung Rue du Fort Neipperg fort gemaach hunn. D’Police ermëttelt an deem Fall.
E Sonndeg am Nomëtteg gouf der Police een däitlech alkoholiséierte Mann an der Rue Carlo Hemmer um Kierchbierg gemellt, deen do randaléiert huet. Och de Beamte géigeniwwer wier hien aggressiv opgetrueden, esou datt hien zum Schutz vu sech an aneren an d’Ausniichterungszell bruecht gouf.
An der Rue du Deich zu Ettelbréck gouf e Sonndeg den Owend dunn nach eng Fra eragemellt, déi sech dernieftbehuele géif. Op der Plaz huet d’Police dann och effektiv déi offensichtlech staark alkoholiséiert Fra, déi randaléiert huet, ugetraff. Si hätt op der Plaz Secouristen ugegraff a beleidegt, heescht et vun der Police. Well si op Versich, si ze berouegen, net reagéiert huet, an awer eng Gefor fir sech an anerer war, huet si d’Nuecht no enger Doktersënnersichung am Arrest misse verbréngen.