
Betraff ware virop Modeller vum Range Rover, déi 2023 déi éischte Kéier immatrikuléiert goufen, heescht et vun der Police. D’Autoe wieren nuets aus Wunnquartiere geklaut ginn an hätte souwuel an der Strooss, wéi och a Garagenafaarte gestanen.
Fir d’Autoe kënnen ze klauen, hunn d’Déif missen op d’Elektronik vum Won kënne zougräifen. Dacks géifen d’Täter dofir ee Lach an d’Karosserie schneiden, fir esou un d’Kabelen ze kommen, warnt d’Police. Wann esou Beschiedegunge fonnt ginn - villäicht och verstoppt hanner der Plackennummer oder änlechem - soll een d’Police alarméieren.
Wéi d’Police mellt, géifen den Ament och aner Marke vun Autoe geklaut ginn, déi am gehuewene Präissegment leien. Et géif ee probéieren, déi Schëlleg ze fannen an hätt d’lescht Woch an deem Kader een Arrest vun enger Persoun gemaach, déi op frëscher Dot ertappt gouf.