Am Garer QuartierPolice mellt Festnam vu presuméiertem Drogendealer

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg hat d'Police am Kader vun der Lutte géint d'Drogekriminalitéit eng Kontroll am Garer Quartier an der Stad gemaach.

Dobäi ass de Beamten e Grupp Persounen an der Rue Joseph Junck opgefall. Wéi et vun der Police heescht, hätt de Verdacht bestanen, dass et sech ëm en Drogendealer an zwee vu senge Clientë géif handelen.

Ewéi d’Beamten déi zwee presuméiert Keefer kontrolléiert huet, konnte si eng Drogebull bei engem vun hinnen am Mond sécherstellen. Enger anerer Patrull vun der Police konnt iwwerdeems de presuméierten Dealer ermëttelen. Ewéi d’Beamten dëse kontrolléiert hunn, huet hien eppes ofgeschléckt. De Mann gouf doropshin op Uerder vum Parquet am Spidol mat engem Scanner ënnersicht. Dobäi goufe ronn 20 friem Objeten a sengem Kierper identifizéiert. De Mann gouf festgeholl a koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO