Zu Beefort, Léiler a BeetebuergPolice mellt nees eng Rei Abréch, eng Täterin festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg am Nomëtteg krut d'Police en Abroch an en Appartementshaus zu Beetebuerg an der Rue de Mondorf gemellt.

Hei sollen zwee Täter um Wierk gewiescht sinn, vun deenen eng Fra méi spéit vun der Police konnt gestallt ginn. Bei enger Kontroll hunn d’Beamte verschidden Outilen, déi fir den Abroch genotzt goufen, séchergestallt. D’Fra gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.

Zwee weider Abréch gouf et e Sonndegowend, respektiv an der Nuecht op e Méindeg. E Sonndegowend haten Täter an engem Haus zu Beefort an der Rue de Chateau eng Rei Raim duerchwullt, an der Nuecht op e Méindeg gouf et en Abroch an en Haus an der Duarrefstrooss zu Léiler. Hei goufen déi Verdächteg allerdéngs vun engem Resident erwëscht a si geflücht. A béide Fäll gouf eng Enquête lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO