Tëschent Dënschdegnomëtteg a MëttwochmoienPolice mellt siwen Abréch a Wunnengen a véier a Gefierer

RTL Lëtzebuerg
Um Cents hat d'Police beispillsweis e presuméierte Brigang dobäi erwëscht, wéi hie grad amgaange war, aus enger Fënster erauszeklammen.

Dës hat hie virdrunner opgebrach. De Mann war ausserdeem alkoholiséiert a koum dofir als éischt an eng Ausniichterungszell.

Doriwwer eraus gouf et nach sechs weider Abréch, dat zu Rued-Sir, Chrëschtnech, um Lampertsbierg an dräimol an der Stad. Dobäi goufe Boergeld, Bijouen, Handyen an Alkohol geklaut. Nieft Wunnengen an Haiser gouf awer och a Gefierer agebrach, dat zu Stroossen, Keel an zweemol an der Stad.

Back to Top
CIM LOGO