Zu Eeselbuer an tëscht Schëffleng a KeelPolice mellt zwee déidlech Accidenter

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend koum et op der Route de Lenzweiler zu Eeselbuer zu engem déidlechen Accident. E weidert Doudesaffer gouf et tëscht Schëffleng a Keel.
© Domingos Oliveira

Zwee Leit hunn zanter e Samschdeg den Owend hiert Liewen op der Strooss gelooss. Géint 2.50 Auer an der Nuecht op e Sonndeg ass en Automobilist tëscht Schëffleng a Keel mat der Bäifuerersäit an e Bam gerannt. Den Auto huet Feier gefaangen. D’Secouriste konnten op der Plaz just nach den Doud vum Mann vu 45 Joer feststellen, deen eleng am Auto souz. De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op Uerder vum Parquet op der Plaz.

Kuerz no 20 Auer e Samschdeg den Owend huet e Motorradsfuerer vun 63 Joer vu Wolz säi Liewen an engem Accident zu Eeselbuer an der Lenzweilerstrooss gelooss. De Mann war an enger Kéier vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. Hien ass nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen. Och hei huet de Parquet de Miess- an Erkennungsdéngscht mat der Enquête chargéiert.

Donieft gouf e Motorradsfuerer tëscht Sprénkeng a Lampech blesséiert, deen um 19.15 gefall war.

Dann ass eng Persoun verwonnt ginn, wéi op der Diddelenger Autobunn op der Héicht vun der Aire de Berchem zwee Autoen aneneegerannt sinn. Eent vun de Gefierer ass dobäi op d’Kopp gaangen.

Weider huet op enger ganzer Rei Plaze gebrannt. Zu Pärel stoung en Dag vun engem Haus a Flamen an d’Réimecher Pompjeeë ware geruff ginn, fir ze hëllefen. Tëscht Wëntreng an Heesdref huet et e Samschdeg den Owend an engem Stéck gebrannt. E Camion huet op der Tréier Autobunn tëscht Fluessweiler a Mënsbech ugefaangen ze brennen. Et huet an enger Rei Poubellen an zwou Dixi-Toilettë gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO