Esch-UelzechtPolice muss bei Kläpperei a Café agräifen

RTL Lëtzebuerg
Géint 2.15 Auer e Samschdeg an der Nuecht hate sech e puer Persounen an engem Café um Boulevard Kennedy zu Esch an d'Hoer kritt.

Éischten Erkenntnisser vun der Police no, koum et zum Sträit well ee vun de Gäscht anscheinend en Handy geklaut krut. D’Ausernanersetzung huet nach am Café selwer ugefaangen, sollt sech awer duerno no bausse verlageren. Virun der Dier wieren dann och Fäischt geflunn an eng Persoun hätt Pefferspray agesat.

D’Polizisten hunn nach op der Plaz engem Mann missten d’Aen ausspullen. Dëse gouf dann och fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht.

Et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.

Iwwerdeems huet d’Police an der Nuecht am Ganze 25 Mol missen intervenéieren, well d’Nuetsrou net respektéiert gouf. An deene meeschte Fäll konnt d’Saach nach op der Plaz gekläert ginn.

Back to Top
CIM LOGO