
Hei géife si mat hire Gefierer ronderëm rennen an driften.
Wéi déi éischt Unitéite vun der Police op d’Plaz komm sinn, hunn d’Beamte festgestallt, dass eng gréisser Unzuel vu Gefierer um Parking stoung. Ausserdeem war Freedefeier geschoss ginn. Duerch den Damp, deen dobäi entstanen ass, goufen d’Dampmelder vum Akafszenter aktivéiert, sou dass de CGDIS fir eng Kontroll op d’Plaz huet misse kommen. Ausserdeem goufen e puer Gefierer, déi um Parking stoungen an net zum Treffe gehéiert hunn, duerch d’Freedefeier beschiedegt.
Eng Persoun, déi um Treffen deelgeholl huet, huet iwwerdeems Knupperten an d’Direktioun vun de Poliziste geheit. Si gouf immobiliséiert a mat op de Policebüro geholl.
D’Treffen huet sech schliisslech opgeléist ewéi weider Policeunitéiten op d’Plaz komm sinn.