Och Haschisch fonntPolice pëtzt Ketten-Déif op der Gare

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am Nomëtteg gouf op der Avenue de la Gare an der Stad eng Fra vun engem onbekannte Mann ugegraff.
© RTL-Archiv

Den Déif huet hir hir gëlle Kette vum Hals gerappt an huet sech dunn domat duerch d’Bascht gemaach. Kuerz Zäit drop konnt de presuméierten Täter awer vun enger Policepatrull an der Rue de Strasbourg am Garer Quartier gepëtzt ginn.

D’Beamten hu bei him net just déi geklaute Ketten, ma och e bëssen Haschisch fonnt. Béides gouf saiséiert an op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Back to Top
CIM LOGO