
E Freideg am Nomëtteg gouf d’Police am Garer Quartier an der Stad Zeie vun engem Austausch vun Drogen. Béid Persoune konnte gestallt ginn. Beim Drogendealer goufen e puer Drogekugelen, Boergeld an en Handy séchergestallt. De Parquet gouf informéiert an huet eng Kontroll am Scanner vum Verdächtegen ordonéiert. Dës Kontroll ass positiv verlaf. De presuméierten Täter gouf festgeholl an ass e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter komm.
An da waren nach zwou weider Persounen an der Rue Heinrich Heine am Garer Quartier de Beamte verdächteg virkomm. Bei der Kontroll si beim presuméierten Drogendealer Droge fonnt ginn. Och hei huet de Parquet eng Festnam ordonéiert.