Bei Kontrollen zu EttelbréckPolice saiséiert Drogen an eng verbuede Waff

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend huet d'Police an e puer Caféë ronderëm d'Ettelbrécker Gare Kontrolle gemaach.

Am Fokus stoung virun allem d’Lutte géint d’Drogekriminalitéit.

D’Beamten hunn am Ganzen 11 Protokoller wéinst dem Besëtz vu respektiv dem Handele mat Drogen ausgestallt. Esouwuel bei de kontrolléierte Persounen ewéi och a verschiddene Caféë selwer goufe kleng Quantitéite vun Droge fonnt, dorënner ënner anerem Kokain a Cannabis.

Iwwerdeems krut eng Persoun en Avertissement taxé wéinst dem Transport vu Cannabis fir de perséinleche Gebrauch vu bis zu 3 Gramm.

Zu Lëtzebuerg ass et jo net erlaabt, an der Ëffentlechkeet Cannabis bei sech ze hunn. Vun 3 Gramm u bezilt een dofir eng Strof vun 145 Euro.

Eng Persoun krut e Protokoll, well se Pefferspray dobäi hat.

Back to Top
CIM LOGO