
Méi genee sicht d’Police nom Chauffer vun engem schwaarze Mercedes, deen e Mëttwoch géint 21.27 Auer vun den zwee Onbekannten ugeschwat gi war. Wéi am Policebulletin steet, hat de Mann deen Owend e Futtballstrikot vum FC Porto un.
De Mann ass gebieden, sech beim Kommissariat Miersch ënnert der Nummer 244 90 1000 oder per Mail op police.mersch@police.etat.lu mellen.
Wat war geschitt?
E Mëttwoch den Owend haten zwee Männer zu Luerenzweiler op der Tankstell d’Clienten ugeschwat an no Sue fir hir Réckrees an Irland gefrot. D’Police gouf geruff a wéi déi erbäikoum, hu sech déi Onéierlech iwwer d’A7 a Richtung Norden ewechgemaach. Et koum zu enger Poursuite mat héijer Vitess a Richtung Miersch an eréischt op der Héicht vun Angelduerf konnt d’Gefier gestoppt ginn. Bei der uschléissender Perquisitioun vum Won goufen e puer englesch Placke fonnt souwéi Boergeld. De Parquet gouf informéiert an d’Brigange kruten e Protokoll.