Abriecher zu Nidderkäerjeng gepëtztPolice sicht no Besëtzer vu geklauter Auer

RTL Lëtzebuerg
Nodeems e Sonndeg zwee Abriecher zu Nidderkäerjeng gepëtzt goufen, sicht den 113 nom Besëtzer vun enger Auer, déi bei engem fréieren Déifstall geklaut gouf

Wéi d’Police e Sonndeg matgedeelt hat, waren de Beamten verdächteg Leit an der Rue Emile Bofferding gemellt ginn, déi hannert een Haus gaange wieren. Op der Plaz konnt d’Police fir d’éischt awer emol kee méi untreffen.

Kuerz Zäit drop konnten d’Beamten awer zwou Persounen dobäi nokucken, wéi si mat Täscheluuchten iwwert ee Chantier geschlach sinn, ier si ronderëm een Haus gaangen a probéiert hunn, eng Dier opzebriechen. Kuerz drop hu si och nach emol bei engem Hotel probéiert, eng Rei Dieren opzekréien.

Déi zwee Verdächteger goufe vun der Police gestoppt an duerchsicht, woubäi d’Beamten eng geklauten Auer fonnt hunn. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Am Kontext vun der geklauter Auer sicht d’Police elo nom Besëtzer. All d’Informatiounen zu der Auer an dem Besëtzer si fir den Escher Policebüro op der Nummer 244 50 1000 oder per Mail u police.ESCH@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO