ZeienopruffPolice sicht no brutalem Iwwerfall zu Esch no Zeien

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg ass zu Esch/Uelzecht tëscht 2 an 2.30 Auer moies ee Mann brutal iwwerfall ginn.

D’Affer gouf bei der Dot op der Kräizung vun der Rue de Blevaux mat der Rue Robert Schuman blesséiert - zwee jonk Männer haten hie geschloen, fir u säin Handy ze kommen. Onbekannter hunn awer Zivilcourage gewisen a sinn dem Mann zu Hëllef komm. Wéi d’Police bis do war, ware d’Hëllefer awer schonn nees fort.

Am Kader vun den Ermëttlunge sicht d’Police elo no de Leit, déi dem Affer aus senger mësslecher Situatioun gehollef hunn. Och aner Leit, déi de Virfall gesinn hunn oder Informatiounen dozou hunn, kënne sech um Policebüro vun Esch/Uelzecht ënnert der Nummer (+352) 244 50 1000 oder iwwer E-Mail (police.esch@police.etat.lu) mellen.

Back to Top
CIM LOGO