Wie kennt dës Persoun?Police sicht no engem presuméierten Déif

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht am Kader vun engem Déifstall no dem Mann, deen op den zwou Fotoen am Artikel ze gesinn ass.

Detailer dozou, wéi de Virfall ofgelaf ass, gëtt d’Police net, just datt d’Dot op den 2. August 2023 zeréckgeet. Nom Déifstall wiere mat enger Kaart tëscht 18.10 an 18.20 Auer zu Bouneweg, an nach emol tëscht 19.20 an 19.30 Auer zu Luerenzweiler, zweemol Suen opgehuewen.

Leit, déi d’Persoun op de Fotoe kënnen identifizéieren oder soss Informatiounen hunn, si gebieden, sech um Stater Policebüro ze mellen, dat ënnert der E-Mail-Adress Police.Villehaute@police.etat.lu oder der Telefonsnummer (+352) 244 21 1000.

Back to Top
CIM LOGO