
Éischten Informatiounen no hätten direkt e puer Täter ee Mann menacéiert a kierperlech ugegraff. Si hunn eng Waff gewisen an dem Affer seng Täsch, seng Auer a seng Jackett geklaut.
D’Police beschreift déi fënnef Täter als Jugendlecher tëscht 16 a 17 Joer, déi en donkelen Teint gehat hätten an all Lëtzebuergesch geschwat hunn. Si hätte schwaarz Kleeder ugehat, déi d’Police als Jogging beschreift. Vun zwee weideren Täter, déi bedeelegt solle gewiescht sinn, gëtt et keng Beschreiwung.
Hei d’Beschreiwung vun de fënnef Jugendlechen:
Wien Informatiounen iwwert de Virfall huet, ass gebieden, sech ënnert der Nummer (+352) 244 80 1000 oder per E-Mail (police.diekirchvianden@police.etat.lu) um Policebüro Dikrech/Veianen ze mellen.
Da mellt d’Police nach en Iwwerfall, bei deem en Handy geklaut gouf. Passéiert war dëst géint 15.40 Auer e Sonndeg an der Stad an der Rue du Fort Wedell. D’Affer war vun zwee Männer an e Gespréich verwéckelt ginn an ee vun de Männer huet d’Oflenkung ausgenotzt, fir den Handy aus der Täsch ze klauen. Wéi et dem Affer opgefall ass, si béid Männer fortgelaf. Eng Patrull vun der Police konnt se awer op der “Passerelle” am Garer Quartier stellen. De Parquet huet si verhafte gelooss a si haten e Méindeg e Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Och gepëtzt konnt e Mann ginn, deen zu Beetebuerg probéiert hat, an Haiser anzedréngen an et an eng Garage gepackt hat. Hie gouf protokolléiert a koum an de Centre de rétention.