
Fir ze préiwen, ob Awunner an engem Haus sinn, géifen d’Täter Fiedem aus Pech un der Aganksdier festmaachen. Dës si ganz reng a bal net ze gesinn. Wann dann een d’Dier opmécht, gesinn déi Onéierlech, datt an Tëschenzäit een an d’Wunneng gaangen ass oder se verlooss huet.
Wann d’Fiedem aus Pech intakt sinn ass dëst e méiglechen Indice fir d’Abriecher, datt keen doheem ass a se fräi Bunn hunn, fir eranzegoen. D’Fiedem wiere meeschtens ënnen am Eck vun der Aganksdier ugemaach. Am Fall wou een sou eppes mierkt, soll ee sech direkt bei der Police ënnert der Noutruffnummer 113 mellen.